Drauwelies op der Musel

Haut de Mëtte maache mir ën Tour op d'Musel. Mir gi kucke, wéi së d'Drauwe plécken. Mir gin daat op Wellësteen kucken. Et gët bestemmt ë flotte Mëtteg. Mir gin och bei ë Wënzer.

D'Wéngerte mussen oft am Joër gesprëtzt gin. All Joër mussen së um Drot festgebonne gin. Si gin all Joër geplout. Am Hierscht gin d'Drauwe mat der Hand geplékt.

Da kommen vill Leit aus verschiddene Länner hëllefen.
D'Wënzer hu kleng Trakteren fir tëschent dë Reien duerchzefueren.

Wann den Trakter seng Bidden oder d'Containere voll huet, gin d'Drauwen an d'Kellerei gefouert. D'Biitercher gi mat engem Kran an d'Luut gehuewen a si gin an eng Press getippt. D'Stiller an d'Häit falen an e Back no ënnen. De Gabelstapler hëlt dë Mäisch a féiert en hannert d'Kellerei. Dat gët Kompost.

Den Drauwejü gët an en Tank geschott an do kann e gären. Et gët kontrolléiert wéivill Zocker dran as. Wann së d'Saft nët gäre loossen, da bleiwt ët Drauwesaaft.

Wann de Wäin oder de Jü färdeg as , da gët en a Fläsche gefëllt. Da kennt nach de Stop drop an d'Etikett.

Da gin dës Fläschen a Këschte gemaach an an engem grousse Keller gelagert bis së verkaaft gin.

Et gi verschidde Wäinzorten: Elbling, Rivaner, Auxerrois, Pinot blanc, Pinot gris, Pinot noir, Riesling a Gewürztraminer.

Catherine a Vanessa

Dësen Text gouf an de Computer
mam Programm "TEO" geschwat, an du geschriwwen.


1996-97 nr.1
[journal Zeitung ]
[Livre_d'or*Gold.buch] [abonnement] [sciences*Umfeld*ciências]