Wie sagen's unsere Kinder
| ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
5. Deel: Froën déi
iwwer Internet gestallt goufen: 0a, 23'' Text: Speaker Wie sagen's unsere Kinder?
|
0b, 73'' Musek CD, Pierre Perret, Le zizi |
0c, 18'' Text: Gast Nilles
De Kanner hir Eltere kommen nët nëmmen vu Lëtzebuerg, mä och aus Portugal, Italien an aus Spuenien.
Dat schléit sech natirlech och an hiiren Erfahrungen op dëm Gebitt vun der Sexualerzéiung erëm.
An obschon trotzdem alles d'selwecht as, as ët
awer vu Mënsch zu Mënsch verschidden.
tous différents- tous égaux
as de Slogan vum Joër géint de Rassismus
A1, 35'' Fro: Catherine
Wat hun d'Leit fréier geäntwert, wann een si gefrot huet, wéi d'Kanner op d'Welt kéimen?
Vic "Ech hu keng Zäit", well së nët wousste wéi ët genau wier.
Catherine "De Storch huet së bruecht"
Sergio "Si wuessen am Kabes "
Ricardo Sii si vum " petit Jesus"
Filipe "De Papp as së op Lissabon sichegaang"
Vanessa "A Spuenien wuessen së an enger Rous"
André "Méng Mamm sot, si hätt mech an der Klinik kaaft."
A2, 10'' Fro: Vic
Wéi kommen d'Kanner op d'Welt?
Vanessa
Si wuessen am Bauch vun der Mamm a kommen, no 9 Méint, duurch d'Scheed op d'Welt.
A3, 18'' Fro: Sergio
Wat maache Kanner, wann së eppës wëllen iwwert d'Sexualitéit gewuer gin?
Ricardo
Si froen hir Komeroden. Déi wëssen och nëmmen
alles hallef.
Besser si froen hir Elteren oder hire Schoulmeeschter an d'Léierin.
Si kënnen ët awer och a Bicher, a Filmer oder op CDe, fannen.
A4, 12'' Fro: Catherine
Wou gesäit ee, bei klenge Kanner, dën Ënnerscheed zwëschen engem Jong a engem Meedchen?
Vanessa
Bei klenge Kanner kuckt een einfach zwëschen de Been; bei de Jonge gesäit een de Penis an den Huedesaak, a bei de Meedercher eng Scheed.
A5, 15'' Fro: Filipe
Fiirwat spille Jongen a Meedercher, Papp a Mamm, wann së kleng sin?
Vanessa
Am Spillen maachen si wéi déi Grouss; si trainéiren, fir spéider daat zë kënne, wat si als grouss Leit maache mussen.
A6, 16'' Fro:Vic
Wat ännert séch wa kleng Meedercher grouss gin?
Vanessa
D'Brëscht fänken un ze wuessen;
si kréien schon Hoer ënnert d'Ärm a bei d'Scheed;
d'Hëffe gi méi bred;
si kréien d'Period a si hu schon éng grouss Verantwortung.
A7, 7'' Fro: Ricardo
Fiirwat gin dann iwwerhaapt d'Hëfte méi breed?
André
Fir datt Kanner, wann së op d'Welt komme, besser duurch d' Becke kommen.
A8, 16'' Fro:Catherine
Wat ännert sech, wann ë Jong ë Mann gët?
Sergio
-Um ganze Kierper wuesse méi Hoer;
-e kritt ë Baart;
-e kritt méi éng donkel Stëmm, well d'Stëmmbänner
méi laang gin;
-e wiist an alles wiist matt;
-de Soom wiist a séngen Hueden;
A9, 28'' Musek CD:Erste allgemeine Verunsicherung: Rapunzel, die Erste |
B10, 13'' Fro:Ricky
Fiirwat sin d'Geschlechtsdeler vun der Fra bannendran am Kierper?
Vic
-Si sin do am bäschte geschützt;
-d'Beckeschanke si ronderëm;
-dat klengt Kand huet direkt déi richteg Temperatur fir sech ze ëntwéckelen.
B11, 15'' Fro: André
Wéi dachs spréngt aus engem Ärstack eng Ezell eraus?
Catherine
-All zwe Méint.
Well ët awer zwe Ärsteck sin, kënnt ofwiesselnd all 2 Méint
aus engem aneren eng Ezell.
Dofir kréien d'Fraen all Mount d'Period wa ke Kand an der Gebärmutter
wiist.
B12, 14'' Fro: Filipe
Wat geschitt wann d'Ezell nët befrucht gët?
Vic
D'Blutt spullt dann all 28 Deeg déi Schläimhaut, déi sech an der Gebärmutter fir e Kand preparéiert huet, zur Scheed eraus; dat as d'Period.
B13, 11'' Fro: Ricardo
Wat maachen d'Medercher an d'Fraen, datt d'Kleder nët bluddeg gin?
Vanessa
Si leen sech eng Bind an dë Slip oder stiechen sech ën Tampon an d'Scheed. Deen Tampon suckelt dann d'Bludd op.
B14, 8' Fro: Vic
Hun d'Jongen an d'Männer och Ärstäck?
Ricardo
Nee sii hun dofir Hueden am Huedesak; do wiist jo och de Som.
B15, 6'' Fro: Sergio
Fiirwat sin dë Männer hir Hueden nët am Kierper bannendra geschützt?
Ricardo
Well së musse kill bleiwen.
B16, 203'' Musek CD: Klaus Lage Band, 1000 und 1 Nacht (Zoom) |
C17, 19'' Fro: André
Wéi gët ë Kand am Bauch vun der Mamm programméiert?
Filipe
Wann eng Somzell an d'Ezell erakënnt, da verschmëlzen
déi zwou Zelle mateneen.
An deem Moment as de Programm vum Kand festgeluegt; watfir éng Afaarw
ët krit, watfir éng Hoer; weem ët gläicht asw.
C18, (kéng Fro)
C19, 20'' Fro:Vic
Woru gesäit een, datt zwe Leit sech gären hun?
Vanessa
-Well së gäre vill beieneen sin;
-si gin zesumme spadséiren,
-si sëtzen no zesummen ;
-si këssen sech
-si laachen, si si frou mateneen
-si wëlle sech ëmmer besser kenneléieren
-si schenken sech kleng a grouss Kadoën
C20, 19'' Fro:Filipe
Fiirwat këssen d'Leit sech esou gär?
Catherine
-An de Lëpsen hun d'Mënschen e ganz gudd Taaschtgefill.
-Si wëssen daat nët méi genee, mä si sichen sech un
dat gudd Gefill zë erënneren, wat së hate, wéi së
vun hirer Mamm gefiddert goufen an un hiirer Broscht hun därfe suckelen.
C21, 11'' Fro: Vanessa
Wéi fonktionéiert ët, wann de Penis steif gët?
Vic
Wann dë Mann oder ë Jong opgereegt sin weent enger Fra, da schéisst Blut an de Penis,
an dee riicht sech op, wéi ë mëlle Schlauch wou Waasserdrock droppkënt.
C22, 16'' Fro: André
Wat ännert séch, wa Leit, déi frou matenee sin, séch léiw kucken oder sech léif beréiren?
Sergio
-Hir Geschlechtsdeeler gi besser durchbludd
-si si ganz opgereegt an d'Glidd gët steif
-wann d'Fra sech freet fir bei dë Mann ze kommen, gët hir Scheed
glaat.
C23, 17'' Fro: Catherine
Fiirwat gin d'Leit meeschtens an d'Bett wann së frou matenee sin an e Geschlechtsakt maache wëllen?
Ricardo
-Do gin së nët gestéiert,
-ët as gemütlech an intim,
-ët as schéi mëll a waarm wann si sech ausdin.
-Si wëlle keng Zuschauer.
C24, 17'' Fro:Filipe
Wat maachen d'Leit, wann së ee Geschlechtsakt maache wëllen, awer ke Kand wëllen?
Sergio
-Si maachen e Gummi iwwert d'Glidd an da bleiwt de Som
doran hänken.
-Ët gët der, déi huelen all Dag eng Pëll
-den Dokter kann eng Spiral an d'Gebärmutter setzen.
C25, 8'' Fro: Vic
André
Do sin Hormonen dran.-
Déi maachen, datt d'Ärsteck nët opsprangen an also kéng
Ezell erausloossen.
C26, 187'' Musek CD: Ënnerwee : Bei mir as ët schéin |
D27, 17'', Fro: André
Wéi ëntstin Zwillingen déi gënee d'selwecht ausgesin?
Catherine
Wann déi éischt Ezell sech zesummen zitt
fir sech ze verduebelen, kënnt ët fir, datt së sech ganz
an zwe deelt.
Dann huet een zwou Ezelle mat demselwechte Program, an ët wuessen 2
déiselwecht Kanner.
D28, 17'', Fro: Ricardo
Wéi entstin Zwillingen, déi sech gläiche wéi 2 Bridder?
Vic
Hei sin zwou verschidden Ezelle mateneen aus dem Ärstack
gesprongen.
Si hun déi selwecht Elteren, mä nët genau desälwechten
Ierwprogramm.
D29, 16'' Fro: André
Wéi kritt den Embryo eppës am Bauch vun der Mamm z'iessen?
Catherine
-Ë brauch guer näischt z'iessen. Ën hängt
mat der Nuebelschnouer un der Plazenta fest, déi an der Gebärmutter
as.
-Ën hëllt do aus der Mamm hirem Blutt Nährstoffer direkt
a säi Blutt eran.
D30, 17'', Fro:Sergio
Fiirwat dréit sech d'Kand virun der Gebuurt am Bauch vun der Mamm ëm, datt ët mam Kapp no ënne steet?
Filipe
De Kapp as dat déckst um klenge Kand. Domat dréckt Kand d'Scheed auseneen. Déi gët grad virun der Gebuurt extra mëll a ka ganz weit gin.
D31, 11'' Fro: André
Fiirwat hun d'Frae wéi, wann ë Kand op d'Welt kënnt?
Vic
Daat si Krämp an de Muskele vun der Gebärmutter; déi zitt sech ganz stark zesumme fir d'Kand duurch d'Scheed erauszedrécken.
D32, 8'' Fro: Vanessa
Fiirwat heescht e Kaiserschnëtt, Kaiserschnëtt?
Catherine
Ën heescht esou nom réimësche Kaiser Julius Caesar. De soll den éischte gewiescht sin den esou op d'Welt koum.
D33, 10'' Fro: Vic
Fiirwat soll de Papp bei der Gebuurt derbäi sin?
Ricardo
-fir sénger Fra Courage zë maachen
-Hie wëllt erliewe, wéi säi Kand op d'Welt kënnt.
-Hie wëllt säi Kand genau esou fréi gesin, wéi séng
Fra.
D34, 8'' Fro: Vanessa
Fiirwat huet d'Kand esou eng glëtscheg Crème op der Haut, wann ët op d'Welt kënnt?
Vic
Fir datt d'Kand während denen néng Méint am Fruuchtwaasser nët opweecht.
D35, 22'' Fro:Vic
Fiirwat kréien d'Kanner der Mamm hir Broscht?
Catherine: -An der Broscht vun der Mamm as vun der Gebuurt u Mammemëllech.
Ricardo: -T'as dat bescht wat ët gët fir kléng Kanner.
André -Déi as ëmmer op der richteger Temperatur.
Vanessa -Do as alles drann, wat ë Puppelche brauch fir am Ufank ze wuessen.
Sergio -D'Kanner schmuse beim Drénke mat der Mamm hiirer waarmer, mëller Haut.
Filipe -Si héiren d'Härz klappen
D36, 14'' Fro: Sergio
Gët ët och Kanner déi d'Broscht nët kréien?
Vanessa
Wann d'Mamm hinnen d'Broscht nët ka gin, da kréien
së Kéimëllech aus enger Suckelfläsch ze drénken.
Dës Mëllech as der Mammemellech nogemaach.
Esou kënnen och d'Pappen de Kanner zë drénke gin.
D'Haaptsaach sin hun een de frou mat hinnen as.
D37, 83" Musek CD: Spice Girls, Mama, no 3min40' opblenden an 83 " huelen |
Wann dir elo nach Froen zu dësem Thema hutt, kënnt
Dir eis se iwwert Internet stellen.
Do fand Dir och dës Froen a kënnt Iech së erausdrécken.
Eis home-page fand der beim RESTENA.LU ënner
école primaires: "Luxembourg classe Nilles."
Durno schreiwt är Fro an ën e-mail. Dir fand d'e-mail Adress op eiser home-page:
Mir soen Iech së eng Kéier:
Dir kritt op all Fro bestëmmt eng Aentwert
D40, Bis Schluss Musek CD Michel Sardou, Maladie d'amour |
73"-Pierre Perret,le Zizi , EMI 0 7243 8 23349 2 7
28"-Erste allgemeine Verunsicherung, Rapunzel die Erste, 568- 7 91102
2
203"- Klaus Lage, 1000 und 1 Nacht (Zoom), 1C 538-7 94808 2
187"-Dicksy-Lentz(Ënnerwee), Bei mir as ët schéin,
LIP CD 36
83"-Spice Girls, Spice, Mama, 7240 8 42174 2 B
- fin- Michel Sardou, Maladie d'Amour, 710503