Mir fueren all 14 Deeg Freides op Gaasperech fir
Danz a Musek bei d'Michèle Hottua.
Mat engem Minibus vun der Stad,
fuere mer mat dem Här Nilles op Gaasperech, wou d'Michèle schon
op eis waard.
Mir musse fir d'éischt ganz roueg gin, fir ze lauschtere, wat d'Madamm
eis seet.
Mir klappe Rhytmus, mir sange Lidder, mir danzen
op eng al Melodie a musse eis
ganz gudd konzentréiren an an d'Musek eralauschteren, fir mat den
Instrumenter am richtegen Abléck matzemaachen.
Mir léieren Intrumenter kennen an héire wéi
se kléngen.Et as eng Freed fir d'Musek ze spiiren an sech am Takt
ze bewegen.
Ët as ganz
spannend wa mir selwer am Orchester op den Orff-Instrumenter spillen därfen.
Fir am richtege Moment dozesin, muss e gudd oppassen. Wie spillt, wann ët
nët un him as, den huet Paus. Mir léieren och Noute liesen.
Mir probéire gudd matzemaache, fir datt ët zesumme klappt. Mir
spiiren eis gudd, wa mir nom Stéck ganz roueg de Musekskläng
nolauschteren, wa së verkléngen. |