Internet op Pabeier?

Aus der ganzer Welt kann ee liesen, wat mir aus eiser Zeitung "Moiën!" um Kierchbierg am Serveur-Computer vum RESTENA (Réseau de Téléinformatique de l'Éducation Nationale et de la Recherche), der Welt weise wëlle.

En engem extrae Programm (Pagemill 2.0) maache mir eng nei mise en page a placéiren all Säit eenzel an den Dossier de fir eis Klass um RESTENA reservéiert as.

Iwwer ë Modem gët dëm Computer séng Sprooch esou moduléiert oder demoduléiert , datt së op d'Telefonsnetz passt.

D'Verbindungen zwëschen dene verschiddene Computeren gin iwwer d'Telefonsnetz gemaach.

Vun irgendenger Plaatz aus der Welt, kann een elo op eis Adress uruffen am

World wide web
http://www.restena.lu/primaire/classeNilles/

An där Adress as all Zeeche wichteg, fir do unzekomme wou ee wëll.

Fir an ärem Computer kënnen ze surfen, braucht Dir ë Programm wéi den NetscapeNavigator.

Dir kommt dann op eis home page.(cf. Deckel) Do klickt Dir mat der Maus op déi ënnerstrache Wieder, déi Iech interesséiren, an Dir kommt vun enger Säit op déi aner. Daat nennt ee "surfen".

Op denen nexte Säiten, an dëser Zeitung, gesitt dir eis haapt Säiten op Pabeier, ouni an d'Netz eranzekucken. Mä leider ouni Relief, ouni faarweg Foto, ouni Toun a Filmchen an ouni de Kanner hiir Texter. Ët geet duer, fir ze verstoe, wéi d'Internet organiséiert as.

Gast Nilles


gaston.nilles@ci.educ.lu titulaire de la classe

 1994-95 nr.3
[journal Zeitung ]
[Livre_d'or*Gold.buch] [abonnement] [computer assisted] [luxembourgeois]