Den Tuurm vu Babel steet zu Lëtzebuerg
La situation difficile des élèves non luxembourgeois



Kanner:
Ei, mir gin an der Musel!

Schoulmeeschter:
Dat heescht nët an der Musel; mir gin op d'Musel.

Méi spéit:
Elo si mer op der Musel. (Mir sin awer zu Welleschten an ët as keng Musel ze gesin.)

Durno:
Elo fuere mer bei d'Musel.

Bei der Musel:
Schoulmeeschter: Wéi heescht dat Waasser do?
Kanner: Réimech!
Schoulmeeschter:
Nee, dat Waasser huet ën Numm:
Ët heescht Musel oder Mosel op Däitsch oder Moselle op Franséisch.
Kanner: Aha!
Schoulmeeschter: (Fangfrage?)
A wéi heescht dann de Floss do?
Kanner: Réimech!

Am Bus maache mer d'Situatioun klor.

Zréck zu Eech:
A wéi heescht dann de Floss hei?
Kanner: Eech!
Schoulmeeschter: ???? Nee, Kanner! Dat as d'Uelzecht!
Elo därft der heemgoen.

Gast Nilles



1996-97 nr.1
[journal Zeitung ]

Lëtzebuergësch